Rauhhaardackelen vum Jeeër fir de Jeeër (FCI)

Rauhhaar Dackelen aus juegdlecher Leeschtungszuucht fir de Juegdgebrauch an Nosich


Eise Wonsch ass et, wesensfest, frëndlech a juegdlëch héichpassionéiert Dackelen fir d'Juegd, awer och als aktiv Familljenmemberen ze ziichten. Mir beméien eis dofir all wichteg Eegenschaften ewéi Charakter, Ausgesinn, Gesondheet a Passioun ze vereenen. Virun allem läit eis um Häerz, datt eis Rauhhaardackelen excellent Jeeër sinn, dëst souwuel iwwert dem Buedem ewéi och ënnert dem Buedem, awer virun allem op der Nosich.

 

 

Bei der Elterenauswiel passen mir dovir net nëmmen op di juegdlech Leeschtung a Passioun op, mä och op de Charakter, korrekt Exterieur a Gesondheet! Di juegdlech Anlagen förderen mir bei der Opzuucht vun de Welpen vun Ufank un, dëst natirlech awer an engem ugepasstem Mooss! Aus dësem Grond gi mir eis Welpen och just u Jeeër a Nosichen/Hondsführer of.

 

 

Dir kënnt eis gären zu Steeën, am Häerz vu Lëtzebuerg, besichen an Iech e Bild iwwer eis Honn maachen.


Aktuell Foto'en vun eisen Dackelen fannt Dir och ëmmer op eiser Facebooksäit! Vill Spass beim stöberen