Fir weider Informatiounen an Fotoen vun eisen Dackelen, klick w.e.g op déi jeweileg Foto.

Eis Dackelen

Quinn

Utah

Nahla

Lux



Eis Hënn stinn d'ganzt Joer iwwert am Juegdgebrauch. Dëst ëmfaasst Stöberen, Schweesaarbecht, Begleeder um Usëtz, souwéi den Apport vu klengem Wëld. Bei Geleeënheet schaffen äis Muppen och um Fuuss an Däitschland.
Obschonns d'Dackelen vollbliddeg Juegdmuppe sinn, liewen si bei äis ausschliisslech am Haus, wou si e grousse Gaart fir ze rolzen hunn. Duerch hiert léift a roueg Wiesen kënnen si äis iwwerall hi begleeden, souwuel op d'Schaff ewéi op d'Uni. Si verstinn sech supper mat Kanner. Weiderhin hunn si alleguer Pabeieren déi vun der FCI unerkannt sinn a sinn am lëtzebuergeschen Zuchtbuch agedro.