Iwwert eis

Foto: Claude Zanter
Foto: Claude Zanter

Mir zwee si säit ville Joere leidenschaftlech Jeeër, Juegdhonnsbesëtzer an hu Forstwissenschaften zu Freiburg studéiert. Scho mäin Urgrousspapp a meng Groussmamm haten eng grouss Passioun fir Juegdhënn an hunn Deutsch Drahthaar an Deutsch Kurzhaar fir de Juegdasaz an Ausstellung geziicht. Si hunn hiert ganzt Liewen laang vill Juegdhënn, dorënner och Dackelen, gefouert. Dës Dackel-Léift huet sech net nëmmen op meng Mamm, mä och op mech a spéider op de Georges iwwerdro.  Den Dackel als Juegd- a Familjenhond gehéiert seit menger Kandheet dofir als feste Bestanddeel vu mengem Liewen dozou, a léisst sech net méi weg denken.

Mir gesinn den Dackel als ideale Begleeder op der Juegd, den een op ke Fall wéint senger klenger Gréisst ënnerschätzen däerf!

 

Marianne Jacobs a Georges Kugener


E puer al Foto'en vun de Juegdhonn aus eiser Famill

Aarbecht mat an ronderëm d'Dackelen

Mir bilden äis Dackelen alleguer aus: Gehorsam, Vertrauen a Spaass stinn hei un éischter Plaz. Méi spéid kommen Stöber-, a Bauaarbecht, Apport (virun allem kléngt Wëld, wéi Kanéngercher, Dauwen an Inten) a virun allem d'Schweesaarbecht drun. 

 

Nierwt der Juegd an der Aarbëscht mat eisen Dackel si mir och an eisem Juegdhondsverband, der Centrale du chien de chasse (C.C.C.) aktiv.

  

Wien un der Ausbildung vu sengem Juegdhond interesséiert ass, de kann sech op dëser Säit informéieren: www.jagdhunde.lu

Och bitt d'C.C.C eng Welpeschoul un, a däer äre Welpen/Jonghond op seng spéider Aarbecht virbereed gëtt.

© Claude Zanter
© Claude Zanter

Memberschaft

Mir si Member an der Centrale du Chien de Chasse, dem Deutschen Teckelklub an dem Club des Amateurs de Teckels.

An domadder och am JGHV, VDH, WUT, FCL, SCC an an der FCI