E Welpe vun der décker Lann

© Raoul Topi Photography (Nallo, Nuck, Nahla, Nuxe, Nimrod ("Rowdy") & Nurmi)
© Raoul Topi Photography (Nallo, Nuck, Nahla, Nuxe, Nimrod ("Rowdy") & Nurmi)

Mir ziichten Rauhhaar Dackelen well mir un di immens Leeschtungen vun dëser Rass op der Nosich wéi och op der Juegd (iwwert an ënnert der Äerd) glewen: si sinn couragéiert, net vun hierer Aufgab ofzehalen an hunn excellent Nuesen an e grousse Wëllen fir blesséiert Wëld ze fannen. Vue datt mir zwee net nëmmen passionéiert Honnsleit a Jeeër sinn, mä och nach Fierschter mat Leidenschaft, hu mir eis décidéiert eisen Zwinger "vun der décker Lann" ze nennen.

 

Mir beméien eis no beschtem Wëssen a Gewëssen vorzüglech Honn, souwuel vum Charakter ewéi och vum Exterieur, Gesondheet an der Aarbechtsleeschtung hier ze verpaaren. Eist Haaptziel läit heibei op der Zuucht vu verléisslechen Schweeshënn.

Allerdings spillen net just déi genetesch Anlagen eng wichteg Roll fir dem Hond säi spéidert Wiesen, mä och d'Prägung vum Hond Mir beméien eis dofir vun Ufank un dem Hond déi beschte Viraussetzungen ze schaffen.

 

D'Welpe wuesse bei eis am Haus op, wou si mat allen Haushaltsgeräicher vertraut ginn, an och vill Auslaf am Gaart kréien. Hei léieren si ënnerscheedlech Ënnergrënn, Réiher souwéi akustesch an optesch Reizer kennen. Och fënnt déi éischt Prägung op Wëld statt, dëst duerch Wëllschwäinschwaarten, Réiwëlddecken a Fuussebälg.

 D'Welpeprägung ass eis ganz wichteg! Unhand vun de folgenden Biller kënnt en Androck vun der Prägung kréien déi mir mat eise Welpe a Jonghonn maachen.

 

Wann dir de Welpen ofhuele kommt, dann huet en ongeféier 10 Wochen, ass en gechippt, méifach entwuermt, geimpft an am Besëtz vu sengem EU-Pass. Och huet de Welpe well e puer Autofahrten a Spazéiergäng an eisem Juegdrevéier erlieft, an ass un en Halsband gewinnt. Déi vun der FCI unerkannten Ahnentafel ( L.O.L / FCL) vum Hond gëtt iech op der Plaz iwwerginn oder méi spéit nogeschéckt.

 

Et ass eis wichteg iech ( an am léifsten och Är Famill) virun dem Welpekaf perséinlech bei eis wëllkomm ze heeschen a kënnen ze léieren. Dackele sollten eng léif awer ganz konsequent Erzéihung genéissen, dofir motivéiere mir Iech an eng Welpeschoul an Hondsschoul ze goen, a spéider juegdlech Prüfungen ze maachen. Well den Ziichter mëscht de Welpen, mä de Besëtzer den Hond!

 

Och ass et eis wichteg iwwer déi weider Entwécklung vum Hond op dem lafende gehalen ze ginn. Mir freeën eis iwwer regelméisseg Fotoen a Berichter iwwert d'Liewe vum Hond. Gäre sti mir Iech dat ganzt Dackelliewen iwwer mat Rot an Dot zur Säit. Dackel si ganz Familljebezunnen Honn an eegenen sech dofir op kee Fall fir Zwingerhaltung!! Familljenuschloss ass ganz wichteg wann Dir en treie Frënd fir d'Liewe wëllt bekommen.

 

De Rauhhaardackel ass e vollbliddege Juegdhond a mir beméien eis dës juegdlech Eegenschaften an der Zuucht ervirzehiewen. Dofir gi mir eis Honn am léifsten un aktiv Familljen a Jeeër of. D'Juegdausübung alléng ass net zwéngend noutwendeg fir en Dackel auszelaaschten. Ausserhalb vun der Juegdsaison eegenen sech Fährtentraining, Dumyaarbecht, Mantrailing, Agility oder aner Hondssportaarten gutt fir en Dackel aartgerecht ze beschäftegen. Dëst ass ganz wichteg fir dat kierperlecht a mentaalt Wuelbefanne vum Hond.

 

Mir freeën eis vun iech ze héieren!

Hei fannt dir weider Informatiounen iwwert eis aktuell Wërf 

 

Utah vom Neunten Weinberg X Isegrim vom Lortzengrund FCI
Utah vom Neunten Weinberg X Isegrim vom Lortzengrund FCI

Download
Über die Bindung zur emotionalen Sicherheit zum sicheren Wesen: Teil 1 und 2
E flotten Artikel aus der Dachshund Ausgabe Abrëll a Mee 2016!
Artikel Dachshund 05.2016.pdf
Adobe Acrobat Dokument 5.6 MB